De Revisör war do !

De Revisör war do !

Di éischt dräi Virstellunge sinn erduerch.

Gespaant konnt ee si wéi di nei Produktioun géif ukomme beim Public. Mee no 3 Virstellunge kann e lo well festhalen: och dëst Joer ass ët rem e Succès !

D’Tribünen si voll, d’Acteuren an de Regisseur sinn zefridden, d’Echoen nom Stéck si ganz positiv an och nom Stéck gouf fläisseg am Häffche beim Patt iwwer de Revisör gepotert.

Lo gëllt ët 2 Deeg d’Batterie nei oplueden éier ët dann en Dënschdeg erëm lass geet.

Wann dir nach net zu Groussbus passéiert sidd sou hu dir nach d’Geleeënheet Iech de Besuch vum Revisör net laanscht d’Nues goen ze loossen. Et si nach e puer Plaze Rescht. Dofir maacht Iech bäi a reservéiert um 671 222 224 oder hei iwwer eise Formular !

 

tries