![Eist Regie-Team ass um Dill](http://www.schankemaennchen.lu/wp-content/uploads/2017/07/di3regie.jpeg)
- by tries
Zanter dësem Joer bléist e neie Wand beim Schankemännchen. Op mannst hannert dem Regiepult huet de Claude Mangen elo d’Soen. No 6 Produktioune mam Jemp Schuster a 6 Weideren ënnert dem Clod Thommes ass ët also lo de gebiertegen Eschduerfer deen den Takt ugëtt.
An der Regie ass et awer gutt am Kollektiv z’agéieren. A sou gëtt hie vu senger Regieassistentin Viv Meintz an eiser Presidentin Christ Thommes (Produktiounsleedung) ënnerstëtzt.