Bei der Däiwel: en 1. Filage

E Sonndeg den 29. Juni hate mir eisen éischte Filage. Dat ass ëmmer e ganz spannende Moment, well mir hei d’Stéck eng Kéier fir d’éischt ganz duerch spillen. Et gesäit sech gutt un, an dir kënnt iech op eng flott a spannend Geschicht freeën. Nach feelen d’Kostümer, d’Beliichtung an d’Tribünen. Mee och dat kënnt an deenen nächsten Deeg no an no derbäi. Sou ginn aus eenzelnen Zeenen e Ganzt. An da si mir prett fir iech am Prommenhaff ze empfänken. 

Gläichzäiteg profitéiere mir fir all déi Leit ze invitéieren, déi eis ronderëm eng Hand mat upaken. An nom Spill gouf dann zesummen iwwer di lescht Wochen a Méint gepotert, bei engem kille Gedrénks an eppes Klenges fir ënner d’Knäpp. 

D’Mireille Gereke-Pletschette huet e puer Zeenen mat sengem Fotoapparat agefaangen. Fir iech en éischten Androck ze ginn, wat a ronn 2 Wochen op iech duer kënnt.

tries