
E jonkt Meedchen, deem säi Papp an der Häll sëtzt a seng Mamm elo just am Himmel ukomm ass, sicht en Engagement un der Oper. Et ass iwwerzeegt, datt et dofir gebuer ass, et huet schliisslech e wonnerbare Koloratursopran. Well et awer keng Protektioun huet an ëmmer erëm ofgewise gëtt, ënnerschreift et e Kontrakt mam Däiwel, deen him säi Wonsch erfëllt. Natierlech geet dat schif.
Bei der Däiwel ass déi 17. Produktioun dobausse bannt 32 Joer vun der Schankemännchen asbl. De Jemp Schuster huet et geschriwwen, no Fragmenter aus zwee Stécker vum Ödön von Horváth: Himmelwärts a Glaube Liebe Hoffung. Den Horváth huet déi zwee Stécker an de Joren 1932 an 1934 geschriwwen, an enger Zäit, wou d‘Welt ugefaangen huet aus de Fouen ze fueren. Seng Stécker sinn an den 1930er
Jore verbuede ginn an hien huet missen an den Exil goen, well en am Nazi-Däitschland
verfollegt ginn ass. En ass 1938, op eng tragesch Manéier, zu Paräis ëm d’Liewe komm.
Ënnert de Regie vum Jemp Schuster, an assistéiert vum Nathalie Gremling, spillen 29 Leit, tëschent 13 an 73 Joer, op der Fräiliichtbün zu Groussbus. D’Première ass Donneschdes Owes de 17. Juli 2025 um 21.00 Auer. Weider Virstellunge sinn den 18., 19., 22., 23., 24., 25. a 26. Juli 2025, all Kéiers ëm di selwescht Zäit. Weider Informatiounen ëm a ronderëm dëst verdäiwelt Stéck fann dir hei an och op eise soziale Kanäl. De Virverkaf geet den 19. Mee 2025 lass. (Affiche: MeluMa Art)
