Tri2pattes zu Groussbus

Tri2pattes zu Groussbus

Di 3 komesch Kauzen vun Tri2pattes, dat sinn d’Sonja Schmitz, den Änder Thill an den Dan Theisen. Dass bei hinnen net alles ronn dréit gesäit een op den éischte Bléck. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och : méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss Faarf bekennen.
Hir turbulent Owender sinn en ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek, Pantomime, Clownerien a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen…. an all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen. No hiren zwee éischten Comedy Programmer, “Une vie de merde – vu Pechvullen an anere komesche Kauzen” a “Plakeg a mat vill Gejäiz“, hunn si sech fläisseg dru ginn mat schreiwen, sangen, spillen an inzeenéieren fir Iech hire neien Programm “Keen doheem” zënter dem Hierscht 2019 vir ze stellen (ausser wa grat COVID-19 ass…). No dem COVIDUS INTERUPTUS geet et awer elo endlech weider. Well laachen ass gesond, an dat Ganzt ass jo och nach fir e gudden Zweck. De Bënëfiss geet nämlech integral un d’Association EBS – Ecoles de Brousse au Sénégal Lëtzebuerg.

Kultur muss weiderliewen. An deem Sënn: Wann dir di 3 wëllt op der Bühn erliewen, da kommt de 4. Februar 2022 op Groussbus an d'Weihersäift. Um 20.00 Auer geet ët lass. Fir Iessen an Drénken ass wi ëmmer beschtens gesuergt.

Reservéiert är Plazen um 671 222 224.
Den Owend leeft am COVID-Check Regime.

www.tri2pattes.lu

tries