
De Schankemännchen ass e Veräin deen zanter jeehier op vill Jugend a Kanner kann zréckgräifen. Dës Jugend ass d’Zukunft vun eisem Veräin. An deene grousse Produktiounen am Summer kommen si heiandsdo leider ze kuerz. Dofier hu mir als Schankemännchen decidéiert fir hinnen eng aner, zousätzlech Bün ze ginn, an hu sou d’Méiglechkeet hir Talenter besser ze förderen. An dëse Kannerproduktiounen stinn da just di kleng Schankemännercher op der Bün, déi hinnen während deene Produktioun ganz aleng gehéiert.
Am 2 Joresrythmus stinn dann eis Kanner a Jugendlicher op der Bün fir ze weise wat se kënnen.
Bis lo hu mer an deem Kader 6 Produktiounen gehat: Kikeri Kiwi (2013), Kuederwittchen Schnéibonzel (2015), “Blutt oder Schokela” (2017), “De Schatz vu Stëbsebuerg” (2018), Pinocchio (2023) an Pippi L. (2024)
Kikeri Kiwi (2013)
SchnéiBonzel KuederWittchen (2015)
Blutt oder Schokela (2017)
De Schatz vu Stëbsebuerg (2018)
Pinocchio (2023)
Pippi L. (2024)