de Schankemännchen (1993)

de Schankemännchen (1993)

1. grousse Fräiliichtspektakel vum 22. bis den 25. Juli 1993

Et ass also eng Seechen, mengt der, eng erfonnten an erduechte Geschicht. Dee Schankemännche wier et guer net ginn. Da mengt alt.

Et ginn am ganze Land, eng Onmass där Soegestalten, un déi haut kee méi gleeft. Awer u wat gleeft een dann haut iwwerhaapt nach?

Op anere Plaze gëtt verzielt vu Wichtelcher, vu schéine wäisse Jofferen, vun alen Hexen a verwonschene Frächen, vu welle Jeeër ouni Kapp op feierege Päerd, da sinn et erëm versonke Schätz oder Träuliichter déi hei an do opdäuchen, Gespenster ginn ëm, Risen an Zwergen, vill Schappmännercher am ganze Land, awer nëmmen een eenzige Schankemännchen. Deen ass et soss néierens ginn ewéi hei an der Schankegriecht. Also muss e schon eppes Besonnesches gewiescht sinn.

An dat war en och. Soss krit en haut kee Monument hei ageweit.

Wee war dann elo dee Schankemännnchen? Hat jeemools een e gesinn?

Wéi et schëngt jo. Awer jiddereen huet dobäi eppes anescht gesinn an héieren. Loosse mer dat emol einfach esou gleewen, mir kënnen et net méi kontrolléieren.

De Schankemännche war fir déi eng ee verzauberte Jeeër, deen nuets mat sengen Honn op d’Juegt gaangen ass, domat passt en an d’Rei bei déi vill Schappmännercher. En ass bal hei, bal do opgedäucht, an der Loft an um Buedem, a wann een en héieren huet, a riicht senger Wee gaangen ass, dann huet e kengem eppes gedoen. Esou ee Schäppchen a seng Juegt beschreift den Dicks jo och a sengem Theaterstéck : Op der Juegt.

Et gi vill Geschichten iwwert de Schankemännche verzielt. Ee Kniecht soutz eng Kéier owes op der Dauler Knupp bei senge Päerd op der Weed. Op eemol héiert en ee Gejäiz an ee Gebills. Dat ass bestëmmt de Schankemännchen op der Juegt duecht en sech, an en huet geruff: Schankemännchen, schéiss mer och e Stéck Wëld. Dat hätt en net solle soen, well de Schankemännche konnt net äusstoen, wann een de Geck mat em gemeet huet. Ping pang ass et gaangen an d’Kugele sinn dem Jong em d’Ouere gepaff.

De Kniecht huet sech séier mat de Päerd op heem zou gemeet, a knapps war en am Stall, du huet de Schankemännche bäussen un der Dir gehummert, datt dem Kniecht d’Dronkenellen äusgaange sinn, an en huet gejäut. Hei ass dat Wëld dat’s de wolls hunn! Deen anere Mueren hunn se gesinn, datt de Schankemännchen eng Kouhäut un d’Stalldir geneelt hat.

Eng aner Beschreiwung ass déi hei. De Schankemännche wier een alen dënne Männchen, mat engem laange wäisse Baart. Nuets dréint e seng Ronnen an dobäi huet en eng schwéier Eisestaang am Grapp, mat där tuppt en op de Buedem datt et donnert.

An der Schankegriecht huet e gehaust. Déi Plaz kann een haut nach gesinn. Et ass eng Hielt ënner engem Fiels, ganz no bei der Baach. E war dohinner verbannt ginn? Net einfach esou, nee vum Poopst héchstperséinlech, well e Sonndes op d’Juegt gaangen ass, amplaz an d’Mass. Dat erënnert un d’Seeche vum Häupert, awer de Schankemännche schéngt da vill méi bekannt gewiescht ze sinn wéi den Häupert, soss hätt de Poopst sech net perséinlech ëm e bekëmmert, an et ginn der esouguer déi behaapten, deen hätt e fir 99 Joer an den Tur vu Babylon verbannt. Et konnt alles näischt dengen, de Schankemännchen ass och duerno erëm an der Schankegriecht opgedäucht.

Wat elo wierklech hannert all deene Geschichten a Spichte stëcht, dat ass schwéier ze soen. Mir ginn haut éischter dervun äus, datt een oder deen aneren sech d’Geschicht vum Schankemännche zunotze gemeet huet, a mat der Angscht an dem Awerglawe vun de Busser Leit gespillt huet, fir zu sengem ze kommen. E Kabesheed äus engem Gaart, e puer Eer an en Hung äus engem Juck, eng Ham an e Stéck Speck äus enger Haascht, dat wäert esou an enger Nuecht a sengem Sak verschwonne sinn.

Fir datt seng Séil endlech elo zur Rou kënnt, hu mir em no esou ville Joere Kapp a Fouss ginn. Hei steet en, an dir wäert gesinn, wann ee bis weess wéi en äusgesäit, da bräuch een en net méi ze fäerten. E war laang genuch verbannt a verstouss, elo soe mir em. Wëllkomm doheem, Schankemännchen.

Text a Regie: Jemp Schuster

Assistenz: Christiane Thommes

Musék: Balli Baldauff

Dekore: John Elsen

« of 2 »