Do denkt een dach direkt: Wat ass dat da fir e komeschen Titel? Dat stëmmt, et ass schonn e bësse verréckt. Tëppel an Tun heescht am Original Pünktchen und Anton. Et ass e Roman, deen den Erich Kästner am Joer 1931 geschriwwen huet. Mir hunn en Theaterstéck draus gemeet.

D’Tëppel ass e Meedchen aus engem räichen Haus, säi Papp ass en Direkter a seng Mamm eng Charity Lady, déi awer ni Zäit fir hiert Kand hunn. Den Tun ass en aarme Jong, dee seng krank Mamm muss versuergen. Fir ze iwwerliewe verkeeft en nuets Schungstréckelen op der Gaass. Do léiert en d’Tëppel kennen. Well hatt ass och nuets ënnerwee. Et verkeeft Fixspéin. Net aus Nout, mee aus Langweil an och, well et sengem Kannermeedche Milka wëllt hëllefen. Dat gëtt nämlech vu senger falscher Frëndin Bella Mafiosa erpresst. Méi soe mer elo net, soss hu mer schonn déi ganz Geschicht verroden.

D’Kanner vum Schankemännchen, et sinn der 24 am Alter vu 5 bis 12 Joer, huelen iech mat op Berlin an d’Joer 1931. D’Musek gëtt live vun engem Kannerorchester gespillt, deen och de Gesank an den Danz begleet.

Dauer: 70 Minutten (ouni Paus)

Grill a Gedrénks virdrun an duerno

 

Produktioun: De Schankemännchen

Text: Erich Kästner

Iwwersetzung an Adaptatioun: Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes, Michèle Turpel

Inspizienz: Claire Barbosa

Musek/Arrangementer: Jemp Schuster

Kostümer: Lina Seyler

Maquillage:  De Schankemännchen

Coiffuren: Studio Creation by TC

Toun a Beliichtung: Amplitude

Bünebau: De Schankemännchen

Zeechnung a Layout: Ella Ries

Et spille mat: Milly Arendt; Paul Arendt; Charlie Bernard; Millie Bernard; Lex Caas; Meggie Colbach; Yannie Colbach; Léonie Deutsch; Emilie Ewert; Liz Faber; Jo Frank; Mira Marnach; Lou Martiny; Maud Martiny; Pauline Reding; Leo Reinig; Marie Rodesch; Ben Schmit; Tun Schmit; Viola Simon; Mimi Wenger Rockel; Pixie Wenger Rockel; Mina Weis; Moritz Weis

Reservatiounen ab dem 1. Juni 2026 um 671 222 224 oder hei iwwer den Online Reservatiounsformular

Weider Informatiounen ënner der Rubrik “Reservatiounen”

Kommt regelméisseg bei eis um Site laanscht kucken oder “followt” eis op eise soziale Kanäl (Facebook an Instagram). Do fannt dir ëmmer aktuell Informatiounen rondermëm dës wonnerbar Aventure. 

tries