Ofriichten – e staarkt Team

Mat liichtem Kappwéi an enger Tréin am Knapplach hu mir Sonndes direkt no der leschter Virstellung eis Bün an de Catering Beräich ofgeriicht. Dëst ass wéi all Joer eng Teamleeschtung, op déi mir immens houfreg sinn. Ronn 60 bis 70 Leit ware Sonndes Moies um 9 Auer um Dill fir ze hëllefen. Eis Techniker vun amplitude hate schonn an der Nuecht gutt Viraarbecht geleescht, an d’Beliichtung an d’Elektrescht agepaakt

Duerch dëse kollektiven Effort war dunn am spéide Nomëtteg alles erëm esou wéi wa näischt gewiescht wier. An et stoung just nach eng eidel Tribün am Prommenhaff, déi eise Partner Van Stokkum Seatings du Méindes Moies erëm siche komm ass. 

Zréck bleiwen awer flott Erënnerungen un eng gelonge Produktioun.

Fotoen: Mireille Gereke-Pletschette, Nathalie Gremling, Tom Ries

tries