Wann dir op Groussbus op ee vun eise Fräiliichttheaterowender kommt, da fannt dir hei drënner eng ganz Rei vu prakteschen Informatiounen.
De Site vum Prommenhaff
Adress:
5, rue de Bastogne (Gréiwelserstrooss)
L-9154 GROSBOUS
Accès op de Site a Parking
Parkplaze si gezeechent an et ass och eng Ekipp do déi iech guidéiert
Mobilité réduite
Och fir Leit mat mobilité réduite ass de Site accessibel. Informéiert eis Reservatiounsekipp am Viraus a mir fannen eng gutt Plaz fir iech.
Eis Tribün
Eis Tribün ass iwwerdaacht. Dir gitt also och bei Reen (dee mir awer net bestallt hunn !) net naass. Si si fachgerecht opgeriicht vun der Firma Van Stokkum Seatings, mat deene mir schonn iwwer 30 Joer zesummeschaffen, an déi eng laangjäreg Erfarung hunn. Selbstverständlech ass eis Tribün och vu Luxcontrol ofgeholl a kontrolléiert ginn.
Catering
Virun an no de Virstellungen ass um Site selwer alles do fir de Mo ze stäipen, an och e Pättchen ze drénken.. Eis Grillekipp offréiert iech sou munch Leckereie vum Grill, mat oder ouni Fritten. An och un d’Vegetarier ass geduecht ginn. Ab 18 Auer si mir fir iech do.
Am Duerf selwer hu mir 2 Restaurante mat deene mir zesummeschaffen. De Restaurant Abruzzebier an de Papa e Citu zerwéiere vun hallwer 7 un à la carte. Preziséiert dass dir de Spektakel kucke kommt, da weess de Kichechef Bescheed, an dir sidd mat Zäit op ärer Plaz.
Am Prommenhaff
Um Site zerwéiere mir vir an no de Virtellungen allerlee vum Grill an e gudde Pättchen.
Eis Catering Partner
Brasserie Simon
Fleuron modeste de l’univers brassicole luxembourgeois, la Brasserie Simon est aussi bien un gardien de l’âme d’une bonne bière qu’un rebelle créatif.
Riche de son indépendance, l’entreprise met l’accent sur la qualité de ses produits et le service au client pour renforcer son ancrage luxembourgeois.
Sunnen-Hoffmann
Produire des vins dans le respect de la nature afin que ceux-ci reflètent toujours la typicité du terroir et du cépage. Dat ass de Mot d’ordre vun de Bio Wäiner vu Sunnen Hoffmann.
Boissons Wallers
Avec plus de 50 ans d’expérience, Boissons Wallers est un dépositaire de boissons alcoolisées et non-alcoolisées. Boissons Wallers propose également de la location de matériel pour tous vos évènements.
Jos a Jean-Marie
Jos&Jean-Marie ass eng bekannt lëtzebuergesch Boulangerie-Pâtisserie, gegrënnt vun de Bridder Jos a Jean-Marie Neuberg. D’Entreprise setzt op traditionellt Handwierk, héichwäerteg Ingredienten an esou vill wéi méiglech lokal Produiten. Nieft enger grousser Auswiel u frëschem Brout, Haut ass d’Mark mat ville Filialen uechtert d’Land vertrueden a bleift trotz hirem Wuesstem hirem handwierkleche Know-how trei.
Kirsch - Le boucher
Kirsch Le boucher ass eng renomméiert lëtzebuergesch Metzlerei, gegrënnt a geleet vum Guy Kirsch. D’Entreprise steet fir héichwäertegt Handwierk, lokal Produiten an e groussen Respekt virun Déier a Natur. Si bitt eng breet Auswiel u frëschem Fleesch, Charcuterie a Catering-Spezialitéiten, mat engem besonnesche Fokus op Qualitéit, kuerz Versuergungsketten an d’Lëtzebuerger Terroir. Mat verschiddene Filialen am Land huet sech Kirsch als Referenz fir Fleesch a Gourmet-Produiten zu Lëtzebuerg etabléiert.
Dir kënnt och Owes bei eis um Site mat payconiq bezuelen.
…oder mat ärer Kart an ApplePay iwwer eisen Sumup Terminal
Green Event
- Mir verzichte bewosst op Eeweegeschier an esou wäit et geet op Plastik.
- Eist Iessen an eist Gedrénks si gréisstendeels lokal/regional, respektiv fair gehandelt. Mir versichen esou vill wéi méiglech op Produiten aus certifiéierter biologescher Landwirtschaft zeréckzegräifen.
- Mir reduzéieren eise Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren.
Fir all weider Informatiounen
Mellt Iech gäre bei eis….
- per mail: info @ schankemaennchen.lu
- iwwer Telefon 671 222 224
