Dem Jemp Schuster säi neie Roman „SPAWECKEN“ gëtt Freides, den 08. Mee um 19.00 Auer zu Randschelt virgestallt.
Dësen Owend gëtt vu Kremart Editioun an dem Schankemännchen organiséiert a wéi heescht et sou schéin: Fir Iessen an Drénken ass gesuergt!
Loscht bei dëser 1. Liesung derbäi ze sinn an dat neit Buch op der Plaz ze kafen, dann zéckt net a reservéiert Är Plaz, Detailer stinn um Flyer.

