Déi éischt Woch ass gepackt !
3 Virstellunge sinn eriwwer. Et war wonnerbar. Mir hunn et genoss. D’Geschicht vum Lisa, wat onbedéngt berüümt wollt ginn, an dofir e Pakt mam Däiwel agaangen ass, huet begeeschtert. Och no de Virstellungen ass am Häffchen gefeiert an diskutéiert ginn.
Lo sinn 2 Deeg Paus, an da freeë mir eis op déi nächst 5 Virstellungen. De Péitruss kuckt dass d’Wieder och weiderhin dréche bleift, an da steet engem weidere Succès näischt méi am Wee.
En Dënschdeg starte mir dann an déi 2. Woch. Gespillt gëtt dann all Dag bis e Samschdeg, all Kéier um 21.00 Auer.
Et bleiwe nach Plazen Rescht, mee maacht Iech bäi. Fannt eraus wat fir een Deal tëschent Himmel an Häll zustane kënnt.
Fotoen: Mireille Gereke-Pletschette an Andreas Schindler