Eng Bün op 3 Niveau’en

Och dëst Joer spille mir um Site vum Prommenhaff. Eis Bünenekipp ass well fläisseg am gaangen d’Bün opzeriichten.

Eis Regie-Ekipp huet e Plang an eng Maquette ausgeschafft. Dëse gëtt dono vun eiser Opriichtekipp ëmgesat.

Dëst Joer hu mir eng Bün déi op 3 Niveau’e spillt: Am Himmel, op der Äerd an an der Häll… Fir dee Plang kënnen ëmzesetzen, hu mir vun der Firma Husting&Reiser eng Stee zur Verfügung gestallt kritt, ronderëm déi eis Bünenekipp eng hëlze Struktur opriicht. Dono geet et dann un de Feischlëff. Nach ass se net fäerdeg, mee et kann ee schonn erkenne wéi vill Léift an Aarbecht an eis Bün gestach gëtt. De Spaass an d’Gesellegkeet däerfen och hei net ze kuerz kommen.

E puer Andréck vun deem wat Iech a ronn engem Mount erwaart…

tries