De Prommenhaff

De Prommenhaff

De Prommenhaff zu Groussbus, an der Baaschtnecher Strooss op Nummer 5, ass zënter dem 26. Januar 1988 op der Lëscht vum Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter agedroen. Fir déi Bousser heescht d’Baaschtnecher Strooss Broutgaass.

 

De Prommenhaff ass eent vun deenen eelste Gebaier am Duerf. Prommen Haus fanne mer schonn an enger Opzielung aus dem Joer 1503. Hei huet d’Famill Weis am 19. Joerhonnert gewunnt, ier se op Mäerzeg an d’Wäissenhaus geplënnert sinn. De Moler Sosthène Weis, deem seng Virfuere vum Prommenhaff kommen, huet deen Eck 1926 gemoolt.

Den 10. Dezember 1984 ass am Gemengerot beschloss ginn, de Prommenhaff vun de Konsorte Pletschette-Mathgen-Ries ofzekafen. D‘Gemeng huet d’Gebai duerno restauréiert an ëmgebaut, fir hei Gemengenatelieren a Raimlechkeete fir d’Veräiner anzeriichten. Och déi nei Sportshal ass harmonesch un de Site ugebaut gouf.

1993 ass den éischten Deel vum Ëmbau am Prommenhaff ageweit ginn. Bei dëser Geleeënheet gouf dat 1. Theaterstéck vum Schankemännchen hei opgefouert. Zënterhier waren et der 12. Déi 13. Produktioun ass fir de Juli 2017 geplangt.

Haut hu verschidde Groussbusser Veräiner hir Versammlungssäll an deenen ale Maueren. D’Maison relais kritt vun 2017 un hiren Ënnerdaach an der ëmgebauter Scheier vum Prommenhaff.

E puer Biller

Prommenhaff

De Prommenhaff zu Grousbus, an der Baaschtnecher Strooss Nr 5; zënter dem 26. Januar 1988 op der Lëscht vum Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter agedroen.

Photo: Georges Klomp
Contact
Prommenhaff

5, rue de Bastogne
L-9154 Groussbus