0

D’Kostümer sinn an der Maach

Posted by tries on Jun 14, 2011 in FrailiichtNews

En Highlight vun eise Fräiliichtspektakelen sinn sonner Zweifel di schéi Kostümer. Dës ginn matt vill Léift zum Detail vum Sylvie Hamus a sengem Atelier zu Dikkrech speziell fir eise Spektakel entworf an dono gebitzt. Hatt gëtt dobäi ënnerstëtzt vum Cristina Kneip a senger Ekipp, fir dass eis Akteuren dann Mëtt Juli am passende Kostüm op der Bühn stinn.

Och fir dëse Spektakel sinn ërem eng ettlech nei Kostümer entstan, déi Dir dann vum 20. Juli un am Prommenhaff bewonnere kënnt.

 

 
0

Opriichte vun der Bühn

Posted by gmack on Jun 13, 2011 in FrailiichtNews

Vum Abrëll un ass eis Opriichtekipp fläissig um Schaffen. Vu Woch zu Woch wiisst den Tuurm, oder besser gesot den Olymp. Och d’Requisite gi wärend ville Stonnen an Handaarbécht hirgestallt, fir datt alles esou richteg ‘griechisch’ am Juli ausgesäit.

 

 
0

Reservatioun: De Virverkaf leeft den 1. Mee un !

Posted by tries on Apr 27, 2011 in FrailiichtNews

De Virverkaf fir eise Spektakel “An de Labränten” leeft vun dësem Sonndeg 1. Mee 2011 un. Reservéiert elo schon Är Plaatzen fir dësen eemolege Spektakel zu Groussbus am Prommenhaff. Gespillt gëtt all Kéier mëttwochs bis samschdes owes vun 21h00 un an dëst di 2 lescht Wochen am Juli.

Dir kënnt Är Plazen elo direkt iwer Telefon um 661 111 112 reservéieren oder Dir fëllt de Formulär ënnert der Rubrik “Reservatioun” aus. Dir gitt dann an deenen nächsten Deeg kontaktéiert fir  Är Reservatioun ze konfirméieren.

Entréespräisser: 17 €, Kanner bis 12 Joer: 12 €

Mir freeën äis Iech bei eis begréissen ze därfen an hoffen dass Der bis dohinner nit an d’Labränte kommt…

Copyright © 2012 All rights reserved. Theme by Laptop Geek.