0

Merci !

Posted by tries on Aug 2, 2011 in FrailiichtNews

Di 10. Produktioun vum Schankemännchen ass eriwwer. Iwwer 3000 Leit woren sech de Spektakel “An de Labränten” op Groussbus an de Prommenhaff ukucke komm. Hinnen all e grousse Merci !

Nit ze vergeessen sinn awer och eis trei Sponsoren an Annonceuren, ouni déi esou eng Produktioun sëcher nit méiglech wier. Hinnen all e grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung !

Am Numm vum Comité soll op dëser Plaz awer och all deenen Merci gesot sinn, di op iergend eng Art a Weis gehollef hunn, dass dëse Spektakel konnt ofgehal ginn.

 
0

Weider Impressiounen aus de Viirstellungen

Posted by tries on Jul 25, 2011 in FrailiichtNews

Den Armand Wagener, Korrespondent aus dem Luxemburger Wort, huet matt senger Kamera eng ganz Rei vu flotte Biller agefaang, wouvunn mier Iech en Deel wëllen hei weisen.

Gespillt gëtt nach dës Woch vu Mëttwochs bis Samschdes, all Kéier vun 21h00 un. Wann Dier och wëllt dobäi sinn, da reservéiert elo Är Plazen fir eng vun deene 4 leschten Viirstellungen um 661 111 112 oder iwwer de Reservationsformulär hei um Site.


 
0

Presse Revue

Posted by tries on Jul 24, 2011 in FrailiichtNews

Di 1. Woch ass hannert eis, an bis elo hu scho ganz vill Leit de Wee op Groussbus fonnt. Och Vertrieder vun der Presse woren sech de Spektakel ukucke komm. Wat se do alles gesinn hunn, kënn der Iech hei (nach eng Kéier) ukucken a ulauschteren.

 

 
0

d’Première ass gegléckt !

Posted by tries on Jul 21, 2011 in FrailiichtNews

Gëschter Owend war am Prommenhaff zu Groussbus d’Première vun eisem neie Spektakel “An de Labränten”. D’Reaktioune vum Public wore ganz positiv. An engem spektakulären Dekor hu faarweg Biller sech ofgewiesselt mat flotte Lidder a witzegen Dialogen. Mat langem Applaus sinn di ronn 50 Akteure fir hir gudd Leeschtung belount ginn. D’Wieder wor och um Rendez-vous, sou dass engem gelongenem Owend näischt mi am Wee stung.

Gespillt gëtt nach haut, mar an e Samschdeg, souwéi di nächst Woch vu Mëttwochs bis Samschdes, all Kéiers um 21h00. Wann Dir och wëllt dobäi sinn, da kënn Dier är Plazen elo reservéieren um Telefon 661 111 112 oder dir fëllt de Reservationsformulär aus.

Fir Iessen an Drénken ass virun an nom Spektakel beschtens gesuergt !

Photos: Mireille Gereke-Pletschette


 
0

Et geet lass !

Posted by tries on Jul 20, 2011 in FrailiichtNews

(c) Revue, Ute Metzger

Haut ass no langem Prouwen an Opriichten dann endlech dee groussen Dag.

Den Owend um 21h00 ass d’Première vun eisem neie Stéck “An de Labränten”.

D’Revue war schon an eng Prouw luusse komm, an bidd Iech an hierer Editioun vun dëser Woch e faarwege Reportage.

Reportage Revue Nr 29 pp. 54-55

Reservéiert elo séier Är Plazen fir an enger vun eisen 8 Viirstellungen dobäi ze sinn. Dir kënnt dat ganz einfach iwwer Telefon machen (661 111 112) oder dir fëllt de Reservationsformulär aus.

 
0

Video: “Um kale Räis” aus dem Joër 1997

Posted by tries on Jul 20, 2011 in Archives, FrailiichtNews

Zanter dem Oktober 1827 hausen d’Doléiner Jemp Heinen, Mett Arend a Jeng Goerens an de Hecken “um Kale Räis”. Schonn e puer Mol kruten se vum Buergermeeschter an de Scheffe vu Wahl gesot, se missten déi Braken erëm ewech rappen. Se stéieren sech awer net drun. Wéi dunn am Summer 1828 déi éischt « Brasilianer » sech och hei nidderloossen, entsteet “um Kale Räis” eng wëll Usiedlung, déi zwar ëmmer ërem verbuede gëtt, awer ni méi ze verhënneren ass. De Grondsteen vu Gréiwels ass geluecht.

Hei e Réckbléck aus dem Joër 1997, dé vum RTL am Kader vun hirem “Summer um Tour” dëse Reportage gewisen huet.

E grousse Merci eisem 1. President, dem Jemp Tholl, fir dësen authenteschen Temoignage vu fréier.

http://www.mywort.lu/grosbous/9914061.html

An dëst Joër as ët déi 10 Kèier vum 20 Juli bis den 30 Juli dass dëse Festival organiséiert gët.

“An de Labränten” zu Groussbus am Prommenhaff. Dir kënnt Är Plazen elo direkt iwer Telefon um 661 111 112 reservéieren

 

 
0

Réckbléck op 1995 : “Ein Dorf spielt Theater”

Posted by tries on Jul 20, 2011 in Archives, FrailiichtNews

Souguer iwwer Grenzen ewech as de Schankemännchen bekannt. Hei aus engem Reportage vum Däitsche Sender SWR3 “De Schënner Steis” aus dem Joër 1995.

Zentralfigur war ët demols de Néckel Steis, deen déi Zäit eng besonnesch Roll am Duerf gespillt huet; hie war Dokter, Schënner, Schreiwer, Geschäftsmann, Wiirt, Foermann a Bauer.

E grousse Merci eisem 1. President, dem Jemp Tholl, fir dësen authenteschen Temoignage vu fréier.

http://www.mywort.lu/grosbous/9889673.html

 
0

Video: Wien as dann eigentlech elo de Schankemännchen ? (1993)

Posted by tries on Jul 20, 2011 in Archives, FrailiichtNews

D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemols deeselwichte Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat Sie zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn. Et war schons eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet : en Historësche Festival, genannt nom ‘Schankemännchen’, enger Soëfigur aus der Buusser Geschicht.

Nom grousse Succèsss vun dem 1. Fräiliichttheater 1993 huet d’Schankemännchen a.s.b.l. sech et nit huele geloos, all 2 Joer op en Neits e Spektakel op d’Been ze stellen.l.

An dëst Joër as ët déi 10 Kèier vum 20 Juli bis den 30 Juli dass dëse Festival organiséiert gët.
“An de Labränten” zu Groussbus am Prommenhaff

Dir kënnt Är Plazen elo direkt iwer Telefon um 661 111 112 oder iwer de Reservatiounsformular hei um Site reservéieren

Hei een Réckbléck aus dem Joër 1993 aus der Generalprouw am Prommenhaff vum RTL opgeholl.

E grousse Merci eisem 1, President, dem Jemp Tholl, fir dësen authenteschen Temoignage vu fréier.

 
0

1. Filage op Nationalfeierdag

Posted by tries on Jun 29, 2011 in FrailiichtNews, Neies

Traditionnel op Nationalfeierdag ass deen éischte Filage. Dorënner versteet een deen éischten Duerchlaf vum ganze Stéck. Dëst ass e wischtegen Ament fir de Regisseur, fir de Musékmann, fir d’Coiffeusen, fir d’Kostumière, fir d’Opriichtekipp, an och fir d’Akteure selwer fir sech e Bild ze verschafen iwwer dat neit Stéck an ze kucke wou mer stinn.

Et ass dëst awer och de Moment, fir all deene Leit di herno ronderëm matthëllefen dass eise Spektakel erëm e Succès gëtt ze weisen, wat di verschidden Ekippen bis elo opweises hunn, an dono zesummen beim Patt iwwer dat wat elo kënnt ze diskutéieren.

D’Wieder huet matt gespillt, esou dass mir dësen éischten Duerchlaf ouni gréisser Problemer iwwer d’Bühn kruten. D’Viirfreed vun all eise Memberen klëmmt…

 

 
0

Eischt Andréck aus de Prouwen

Posted by tries on Jun 29, 2011 in FrailiichtNews, Neies

D’Prouwen sinn zënter März um Lafen. Eis Bühn fänkt u Formen ze kréien. 3 mol d’Woch ginn di eenzel Szenen ageprouwt. Eise Regisseur, zesumme mat senger Ekipp, probéiert d’Viirlag vum Jemp Schuster no senge Viirstellungen mat deene ronn 40 Akteuren ëmzesetzen. Hei e puer Andréck aus enger Prouw.

 

Copyright © 2012 All rights reserved. Theme by Laptop Geek.