Em wat geet ët ?

Am Joer 1728 huet den engleschen Auteur John Gay en Theaterstéck fir arem Leit geschriwwen, an en huet se „A Beggar’s Opera“ genannt. De Johann Christoph Pepusch, e gebiertege Berliner, deen zu London gelieft huet, war de Komponist vun de Lidder aus där Oper.

200 Joer méi spéit, 1928, huet de Bertolt Brecht déi Oper, zesumme mam Kurt Weill op Däitsch adaptéiert, an als „Die Dreigroschenoper“ zu Berlin opgefouert.

2015 spillt „De Schankemännchen“ elo déi éischt Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Jemp Schuster.

Ëm wat geet et?

De Chef vun enger relationen_personen_3GO_revrietoRaiberband, de Mackie Messer, alias Macheath, bestuet sech heemlech mam Polly, dem Meedche vum Heeschekinnek Pitjum. Dee fäert, säin Edem kéint em säi Geschäft futti maachen, an e verréit de Mackie un d’Polizei.

De Mackie gëtt dat iwwert seng Informante gewuer, an e verstoppt sech am Puff bei deene Fraen, wou e regelméisseg verkéiert, a wou en sech sécher spiert. Do gëtt en awer vum Puff-Jenny verroden, an e kënnt an de Prisong.

Glécklecherweis ass de Polizeichef Tiger Braun en ale Kolleg vum Mackie. De Brongen deckt dem Mackie seng kriminell Aktivitéiten, an e kritt dofir seng Prozenter. Dem Braun säi Meedche Lucy, deem de Mackie och seng grouss Léift geschwuer hat, ass jalous um Mackie seng Fra Polly, an dofir hëlleft et dem Mackie, aus dem Prisong fortzelafen.

De Mackie kann et net loossen, e gëtt eng zweete Kéier vun enger Fra verroden, an erëm agelacht. Elo kann de Braun näischt méi fir e maachen. De Mackie gëtt zum Doud veruertelt, an e soll higeriicht ginn.

Well mer awer 2015 net méi zu Soho op e Kinnek kënne waarden, daucht am leschte Moment den europäische Kommissiounspresident op. Deen ass op senger Joyeuse Entrée duerch d’Land. E weist, ween elo d’Soen huet, an esou gëtt de Gauner Mackie Messer vun him begnodegt.