De 24. März 2012: Konterlamonter: Kabarä zu Groussbus
Mir lafen ëm d’Wett, an dat nëtt nëmmen am Sport. All Mëttel ginn agesat fir an der éischter Rei ze stoen. Mee wéi dacks verléiere mir bei dësem Spill géint d’Zäit ënnerwee d’Schlappen, loosse Plommen hänken…?, mir wëlle nach méi performant, nach mi séier an nach mi schéi sinn.
An dobäi hu mer keng Zäit méi fir näischt, oder dach…!?
De 24. März 2012 presentéieren d’Feierstëppler e witzege Sportmix mat alen an neien Texter.
Lass geet ët um 20h30 zu Groussbus am Centre Culturel.
Virun dësem Konterlamonter kënn Dier iech awer nach stärken un eisem Pasta-Buffet. Do wier de Start da ronn eng Stonn virdrun (19h30).
Entrée:
Erwuessen: 20€ mat Buffet an 12€ ouni
Kanner (bis 12 Joër): 12€ mat Buffet an 8€ ouni
Reservéiert virum 19.3.2012 är Plazen um 661 111 112.

