Posted by tries on Jun 29, 2011 in
FrailiichtNews,
Neies
Traditionnel op Nationalfeierdag ass deen éischte Filage. Dorënner versteet een deen éischten Duerchlaf vum ganze Stéck. Dëst ass e wischtegen Ament fir de Regisseur, fir de Musékmann, fir d’Coiffeusen, fir d’Kostumière, fir d’Opriichtekipp, an och fir d’Akteure selwer fir sech e Bild ze verschafen iwwer dat neit Stéck an ze kucke wou mer stinn.
Et ass dëst awer och de Moment, fir all deene Leit di herno ronderëm matthëllefen dass eise Spektakel erëm e Succès gëtt ze weisen, wat di verschidden Ekippen bis elo opweises hunn, an dono zesummen beim Patt iwwer dat wat elo kënnt ze diskutéieren.
D’Wieder huet matt gespillt, esou dass mir dësen éischten Duerchlaf ouni gréisser Problemer iwwer d’Bühn kruten. D’Viirfreed vun all eise Memberen klëmmt…
Posted by tries on Jun 29, 2011 in
FrailiichtNews,
Neies
D’Prouwen sinn zënter März um Lafen. Eis Bühn fänkt u Formen ze kréien. 3 mol d’Woch ginn di eenzel Szenen ageprouwt. Eise Regisseur, zesumme mat senger Ekipp, probéiert d’Viirlag vum Jemp Schuster no senge Viirstellungen mat deene ronn 40 Akteuren ëmzesetzen. Hei e puer Andréck aus enger Prouw.
Posted by tries on Jun 14, 2011 in
FrailiichtNews
En Highlight vun eise Fräiliichtspektakelen sinn sonner Zweifel di schéi Kostümer. Dës ginn matt vill Léift zum Detail vum Sylvie Hamus a sengem Atelier zu Dikkrech speziell fir eise Spektakel entworf an dono gebitzt. Hatt gëtt dobäi ënnerstëtzt vum Cristina Kneip a senger Ekipp, fir dass eis Akteuren dann Mëtt Juli am passende Kostüm op der Bühn stinn.
Och fir dëse Spektakel sinn ërem eng ettlech nei Kostümer entstan, déi Dir dann vum 20. Juli un am Prommenhaff bewonnere kënnt.
Posted by gmack on Jun 13, 2011 in
FrailiichtNews
Vum Abrëll un ass eis Opriichtekipp fläissig um Schaffen. Vu Woch zu Woch wiisst den Tuurm, oder besser gesot den Olymp. Och d’Requisite gi wärend ville Stonnen an Handaarbécht hirgestallt, fir datt alles esou richteg ‘griechisch’ am Juli ausgesäit.
Posted by tries on Jun 5, 2011 in
Uncategorized

(c) Inborn!
Niewt eisem Spektakel gräiffe mir och gären aner kulturell Aktivitéite vun eise Memberen op.
De Ben an de Max Thommes sinn zënter 1993 Member vum Schankemännchen an hunn do schon dacks hier Theater-Kënschte bewisen. Dass di 2 och musikalesch eppes drop hunn, dofunner kënn dir Iech elo selwer iwwerzeegen. Mat hierer Band “Inborn!” hunn se gëschter Owend, de 4 Juni 2011, hieren neien Album presentéiert.
Lauschtert einfach eng Kéier eran…et lount sech:
http://www.inborn-band.com/
Posted by gmack on Jun 5, 2011 in
Uncategorized
D’Groussbusser Schoul spillt och dëst Joer nees op der grousser Bühn vum Schankemännchen e Kannertheaterstéck. D’Bambola gët gespillt Donneschdes a Freides, de 14. a 15. Juli 2011, ëmmer um 9.30 Auer fir Schoulklassen, a Sonndes, de 17. Juli 2011 um 15.30 Auer fir de grousse Public. Reservatioune ginn um 691 220 374 (Mme Yvette Faber-Ries) entgéint geholl, weg. uruffen tëscht 18.00 a 20.00 Auer.
Stéck – Jemp Schuster
Musek – Pol Pepin
Regie – Léierpersonal Groussbus
mam Jil Olinger an alle Kanner vu Précoce bis Cycle 4